Venus Williams kritt Wildcard fir US Open

© AFP
Déi fréier Nummer 1 op der Welt schléit nees bei de US Open op.
Scho méi laang gouf driwwer spekuléiert, e Mëttwoch koum d'Confirmatioun vum amerikaneschen Tennisverband. Déi 45 Joer al Venus Williams kritt eng Wildcard fir am Simple beim Grand Slam zu New York unzetrieden. D'US-Amerikanerin gëtt domadder zur eelster US-Open-Spillerin zanter dem Renee Richards (USA), déi 1981 am Alter vu 47 Joer an der éischter Ronn gescheitert war.
Fir d'Williams gëtt et déi 25. Participatioun. Si hat och well eng Wildcard fir de Mixed-Dubbel kritt. Hei trëtt si mat hirem Landsmann Reilly Opelka un.
Déi siwefach Grand-Slam-Gewënnerin hat am Juli no 16 Méint Paus hire Comeback zu Washington fir d'éischt am Dubbel a méi spéit am Eenzel gefeiert. Am Eenzel war si bis an d'Aachtelsfinalle komm. Mat hirer éischter Victoire am Eenzel zanter bal zwee Joer ass si zur eelster Matchwinnerin op der WTA-Tour zanter 21 Joer ginn. D'lescht Woch zu Cincinnati ass si an der éischter Ronn eliminéiert ginn.
D'Williams zielt zu den erfollegräichsten Tennis-Profien. An hirer méi wéi 30 Joer laanger Karriär huet si siwe Grand-Slam-Titele gewonnen, dobäi kommen der 14 am Dubbel mat hirer méi jonker Schwëster Serena Williams an der zwee am Mixed. Donieft huet si och véier Mol Gold op Olympesche Spiller gewonnen.
D'US Open fänken de 24. August un. D'Williams huet den Titel zu New York zweemol gewonnen - fir d'lescht viru 24 Joer.