Am Eelefmeterschéissen huet sech den Champions-League-Gewënner mat 4:3 géint den Europa-League-Gewënner behaapt.

Den Champions-League-Gewënner PSG huet e Mëttwoch den Owend am Stadio Friuli zu Udine an Italien den Uefa Supercup gewonnen. Laang louch de franséische Champion géint Tottenham mat 0:2 hannen. Duerch eng Steigerung an de leschte 25 Minutte konnt ee géint Tottenham an der Schlussphas vun der regulärer Spillzäit nach op 2:2 ausgläichen a sech um Enn mat 4:3 am Eelefmeterschéisse behaapten.

Supercup - De Resumé vum Guy Seyler
Supercup-Eelefmeterschéissen tëscht PSG an Tottenham
De PSG huet en 0:2-Réckstand gedréint a sech um Enn am Eelefmeterschéisse mat 4:3 géint Tottenham behaapt.

Tottenham war laang déi besser Ekipp am Match. An der 39. Minutt hat de Micky van de Ven Tottenham mat 1:0 a Féierung bruecht. No engem Fräistouss vum Vicario war de Ball am Fënnefmeterraum iwwer Ëmweeër bei de Palhinha komm, deen hat den neie Mann am PSG-Gol Chevalier zu enger Parad gezwongen. Vun der Lat ass de Ball bei de van de Ven gesprongen, deen huet sech net zweemol Biede gelooss an huet dat ronnt Lieder an de rietsen Eck gesat.

Kuerz no der Paus hat Tottenham nogeluecht an duerch de Cristian Romero op 2:0 erhéicht. No engem Fräistouss vum Porro war de Kapitän vun de Spurs ongestéiert zum Kappball komm. De Chevalier huet beim dësem Gol net gutt ausgesinn.

An de leschte 25 Minutten ass de PSG méi geféierlech ginn. Tottenham huet bal nëmmen nach géint de Ball geschafft a konnt kaum nach fir Entlaaschtung suergen. E Gol vum franséische Champion louch an der Loft an an der 85. Minutt huet et dann och eng éischte Kéier am Gol vum Vicario gerabbelt. De Lee huet op 1:2 verkierzt. De PSG huet duerno weider gedréckt an Tottenham ass hannen net méi erauskomm. An der véierter Minutt vun der Nospillzäit huet dunn de Goncalo Ramos den 2:2 geschoss. Den Hakimi hat den Dembelé op der rietser Säit matgeholl, dee mat engem secke Schoss an de Fënnefmeterraum geflankt huet, wou den agewiesselte Ramos perfekt stoung an zum Ausgläich agekäppt huet.

D'Goler tëscht Tottenham an dem PSG an der regulärer Spillzäit
Am Supercup stoung et no 90 Minutten 2:2 tëscht béiden Ekippen.

D'Decisioun huet deemno missen am Eelefmeterschéisse falen, well et am Supercup keng Verlängerung gëtt. Um Enn huet sech de PSG mat 4:3 behaapt. Op Säite vun Tottenham konnten de van de Ven an den tel hir Eelefmeteren net verwandelen. Op Säite vum PSG huet nëmmen de Vitinha net getraff.