
De Lëtzebuerger Profi-Futtballer huet dat e Mëttwoch den Owend op Instagram wësse gelooss. 19 Joer laang hätt hien Futtball gespillt, eng Passioun déi him ëmmer vill Spaass gemaach hätt en eng Beruffung, fir déi hien ëmmer dankbar war.
Iwwer 500 professionell Matcher huet de Chanot a senger Karriär absolvéiert, huet zum Schluss bei Los Angeles FC an den USA gespillt.