Vum 13. bis den 21. September ginn zu Tokio déi nei Weltmeeschteren a Weltmeeschterinnen an de verschiddene Liichtathletik-Disziplinne gesicht.

E Samschdeg fänkt zu Tokio d'Weltmeeschterschaft an der Liichtathletik un. D'Lëtzebuerger Federatioun ass mat véier Sportler vertrueden. An de leschte Wochen huet ee konsequent op dëse Rendez-vous higeschafft an déi éischt FLA – Athleete si schonn e Samschdeg am Asaz. De Ruben Querinjean, d'Patrizia van der Weken an d'Vera Bertemes sinn déi dräi Éischt, déi sech musse beweisen. Schonn e Samschdeg sti fir si d'Virleef um Programm.

Um 11.30 Auer eiser Zäit geet de Ruben Querinjean iwwer 3.000 Meter Steeple an der drëtter a leschter Serie un den Depart. Déi 5 Bescht aus all Serie qualifizéiere sech fir d'Finall.

Och d'Patrizia van der Weken leeft um 12.37 Auer an der leschter Serie iwwer 100 Meter bei den Dammen. Hei gëllt et, sech ënnert den dräi éischten Dammen ze klasséieren, fir de Sprong an eng vun den dräi Halleffinallen ze packen. Aus deenen am ganze 7 Serië kommen dono nach déi dräi bescht Leeferinnen iwwer d'Zäit och an d'Halleffinallen.

Um 13.20 Auer ass et dann an der véierter Serie iwwer 1500 Meter souwäit fir d'Vera Bertemes. Eng Plaz ënnert de sechs Beschte bedeit eng Qualifikatioun fir d'Halleffinall.

Den Optakt fir de Charel Grethen ass an der Nuecht op e Sonndeg um 2.35 Auer eiser Zäit. Och hie brauch am Virlaf iwwer 1500 Meter eng Plaz ënnert de sechs éischte Leefer, fir sech fir d'Halleffinallen ze qualifizéieren.

Et dierf een deemno gespaant op d'Courssen zu Tokio kucken. D'Weltspëtzt ass immens no openeen a villes hänkt vun der Dagesform of.

De Programm vun de Lëtzebuerger

  • Ruben Querinjean (3000 Meter Steeple)

13. September um 11.31 Auer (Lëtzebuerger Zäit): Virleef 
15. September um 14.55 Auer: Finall

  • Patrizia van der Weken (100 Meter)

13. September um 12.37 Auer: Virleef
14. September um 13.20 Auer: Halleffinallen
14. September um 15.13 Auer: Finall

  • Vera Bertemes (1500 Meter)

13. September um 13.20 Auer: Virleef
14. September um 14.07 Auer: Halleffinallen
16. September um 15.05 Auer: Finall

  • Charel Grethen (1500 Meter)

14. September um 2.35 Auer: Virleef
15. September um 14.30 Auer: Halleffinallen
17. September um 15.20 Auer: Finall