Toni Veigas a Pia Von Kreutz sti ganz uewen um Podium

© UTML
Iwwert Distanz vun 111 Kilometer gouf et souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären en neie Streckerekord.
Beim Leopoard Ultratrail am Mëllerdall ginn d'Sportler an d'Sportlerinnen a 6 verschidden Distanzen un den Depart. Den Ultratrail selwer geet iwwert eng Distanz vun 111 Kilometer. Bei den Häre konnt sech de Gewënner vum leschte Joer, de Lëtzebuerger Toni Veigas, och dëst Joer als Gewënner feiere loossen. Fir déi 111 Kilometer huet hien 10 Stonnen, 56 Minutten an 10 Sekonne gebraucht. Domat war hien am Verglach zu senger Victoire aus dem Joer 2024 ganzer 22 Minutten a 45 Sekonne mei séier. De Podium komplettéieren de Boris Suselj (11:32:15) an de Carl Martens (11:36:27).
Bei den Dammen huet Pia Von Kreutz den Ultratrail iwwer 111 km mat enger neier Rekordzäit vun 11 Stonne 54 Minutten an 10 Sekonne gewonnen. Mat dëser Zäit klasséiert sech déi Däitsch Athletin op der 4. Plaz am Klassement vun am ganze 27 Leefer, woubäi d'Pia von Keutz hei déi eenzeg Damm um Depart war.

© UTML
Iwwert déi laang Distanz vu 75 Kilometer gouf et bei den Dammen eng Victoire fir d'Lëtzebuergerin Susanne Loewen (08:24:24) virum Proca Tatiane (08:36:44). Bei den Häre setzt sech hei den Amerikaner Ben Pelleg (07:34:38) duerch. Mat um Podium stinn de Belsch Stephane Marchand (07:41:06) an de Lëtzebuerger Xing Xing Pan vum CSN Klierf (07:44:38).
Den Trail iwwer 35 Kilometer gouf vum Filippo Martini (02:54:29) virum Corentin Ducret (02:55:57) an dem Marc Holstein (03:09:51) gewonnen. Bei den Damme gouf et eng Victoire vun der Lëtzebuergerin Jil Gillen (03:19:57). Op d'Plazen 2 an 3 lafe Sanne Vinks aus Holland (03:28:50) an d'Juliane Außendorf aus Däitschland (03:48:20).
D'Shorty Distanz vun 21 Kilometer gouf vum Abraham Wirt, virum James Dunn an dem Daniel Reckinger gewonnen.
Beim Ultra-Shorty-Run iwwer 10 Kilometer waren 122 Leit mat um Depart. Gewonnen huet de Spuenier Manuel Garcia (01:01:23) virum Laure-Sophie Freitas (01:01:38), wat deemno och Damme Course gewonnen huet, an dem Lëtzebuerger Thiery Kohn (01:04:30).
Déi komplett Resultater fannt Dir hei.
Den Iwwerbléck vun de Podiumen
LEOPARD UTML, ULTRATRAIL 111 KM
VEIGAS Toni (77) 10:54:07
SUSELJ Boris (95) 11:32:15
MARTENS Carl (40) 11:36:27
LEOPARD UTML, LONG TRAIL 75 KM
PELLEG Ben (7068) 7:34:38
MARCHAND Stéphane (7095) 7:01:56
PAN Xing Xing (7090) 7:44:38
LEOPARD UTML, TRAIL 35 KM
MARTINI Filippo (3404) 2:54:29
DUCRET Corentin (3372) 2:55:57
HOLSTEIN Marc (3110) 3:09:51
LEOPARD UTML, SHORTY 21 KM
WIRTZ Abraham (1190) 01:31:15
DUNN James (1426) 01:50:14
RECKINGER Daniel (1302) 01:41:11
LEOPARD UTML, SUPER-SHORTY 10 KM (U16)
SCHMIT Emile (2205) 01:04:51
WAGENER Ben (2202) 01:04:51
SCHMIT Pierre (2206) 01:04:51
Dammen
LEOPARD UTML, ULTRATRAIL 111 KM
VON KREUTZ Pia (94) 11:54:10
THIRY Zoé (70) 15:37:55
LEOPARD UTML, LONG TRAIL 75 KM
LOEWEN Susanne (7125) 8:24:24
PROCA Tatiana (7154) 8:36:44
PHILTJENS Uchelly (7084) 8:58:35
LEOPARD UTML, TRAIL 35 KM
GILLEN Jil (3116) 3:19:57
VINKS Sanne (3151) 3:28:50
AUSSENDORF Juliane (3463) 3:48:20
LEOPARD UTML, SHORTY 21 KM
MEIER Anne (1438) 1:59:47
NEPPER Liz (1378) 1:59:53
FRANK Liz (1114) 2:17:56