D'Patrizia van der Weken huet e Samschdeg mat enger Zäit vun 11,29 Sekonnen iwwer 100 Meter de Sprong an d'Halleffinall op der Liichtathletik-WM verpasst.

Nodeems d'Patrizia van der Weken e Samschdeg bei der Weltmeeschterschaft an der Liichtathletik de Sprong an d'Halleffinall iwwer 100 Meter verpasst huet, ass si an engem ganz éierlechen Interview op d'Course selwer an op déi lescht Méint agaangen.

D'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer 2024 sot, datt si sech bewosst wier, datt si e gutt Stéck méi séier kéint lafe wéi e Samschdeg an der Virleef, déi lescht Méint wier awer villes net sou gelaf wéi et hätt missen. No engem ganz staarken olympesche Joer an enger excellenter Indoor-Saison hat sech déi 25 Joer al Athleetin och fir d'Outdoor-Saison vill virgeholl. Iwwer déi lescht Méint hunn awer vill kleng physesch Problemer dofir gesuergt, datt den Training net sou gelaf ass wéi si dat zesumme mat hirem Trainer geplangt hat. Hiren Éiergäiz hätt awer verhënnert, datt een éischter eng Paus gemaach an d'Saison bis un d'Enn duerchgezunn hätt.

Elo gëtt et Zäit, fir sech ze erhuelen, éier am Oktober dann nees Richtung nei Saison geschafft gëtt. Als Ziler huet déi bescht Lëtzebuerger Sprinterin vun allen Zäiten d'Indoor-EM an d'Indoor-WM scho fest am Viséier. Déi nächst Deeg bleift si nach op der Plaz. Si huet zu Tokio nach e puer Rendez-vousen a wäert sech d'Course vum Charel Grethen a Ruben Querinjean ukucken. Dono gëtt et Zäit, fir nach e puer Deeg vun Tokio ze profitéieren.