Um Samschdeg goufen d'Aachtelsfinallen an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären gezunn.

Den Titelverdeeger Basket Esch trefft an der Neioplag vun der Finall 2024 op d'Etzella Ettelbréck, domat kënnt et zu engem Toppmatch an der Aachtelsfinall. D'Résidence Walfer huet Heemvirdeel am Derby géint d'Amicale Steesel an den T71 Diddeleng muss auswäerts op Hiefenech bei der Ekipp aus der Nationale 2 untrieden. Nach si véier Ekippen aus der zweeter Divisioun an der Coupe vertrueden, si wäerte mat 10 Punkte Virsprong an d'Matcher starten.

D'Matcher am Iwwerbléck

US Hiefenech (+10) - T71 Diddeleng
AS Zolwer (+10) - Musel Pikes
Avanti Munneref (+10) - Mambra Mamer
Black Frogs Schieren (+10) - Racing Lëtzebuerg
Résidence Walfer - Amicale Steesel
Arantia Fiels - Kordall Steelers
Basket Esch - Etzella Ettelbréck
AB Conter - Sparta Bartreng

Dës Matcher ginn an der Woch vum 15. Oktober gespillt.

Hei gesitt dir nach eng Kéier den Iwwerbléck vun de Resultater aus de 1/16-Finallen.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Dammen