Käerjeng huet sech in extremis fir déi nächst Ronn qualifizéiert. Trotz dem 26:30 ginn déi 5 Goler Avance aus dem éischte Match duer.

Den Handball Käerjeng huet sech fir den zweeten Tour vum European Cup qualifizéiert. No der 24:19-Victoire e Samschdeg ware si mat enger Avance vu fënnef Goler an den zweete Match gaangen. D'Griichinne vun Artas hu wuel alles ginn an de Match mat 30:26 gewonnen, mee um Enn ass et fir Käerjeng op ee Gol duergaangen. Domat sinn déi Gréng den eenzege lëtzebuergesche Vertrieder an der nächster Ronn.

Käerjeng wollt sech no der Victoire e Samschdeg keng Bléisst ginn an de Virsprong verspillen. Dat huet och 55 Minutte gutt geklappt. Am Ufank hat d'Lokalekipp d'Nues vir, mee Artas war ab der 15. Minutt ëmmer am Lead. De Virsprong war awer ni méi grouss wéi 3 Goler.

Eréischt an der Crunchtime konnten d'Griichinnen eng éischt Kéier op 4 Goler ewechzéien an hunn un d'Sensatioun gegleeft. Den Trainer Dan Mauruschatt huet seng Dammen an de leschte Minutten nach eng Kéier ageschwuer, fir dat gutt Resultat net ewechzegeheien. Dat sollt hinne geléngen an d'Freed war nom Schlusspëff ëmsou méi grouss.

Géint wie Käerjeng am nächsten Tour spillt, gëtt en Dënschdeg am Tirage decidéiert.

No der klorer Defaite e Samschdeg (25:40) am éischte Match huet sech Déifferdeng e Sonndeg besser verkaf. Trotzdeem gouf et fir Scheuren, Melchior & Co och am zweete Match bannent 24 Stonne eng 24:31-Néierlag géint WHC Metalurg Avtokomanda Skopje.

D'Nordmazedonierinnen hunn de Lëtzebuergerinnen direkt am Ufank all Hoffnung op eng Victoire geholl a si mat engem 7:1-Laf an de Match gestart. Déifferdeng konnt sech an der Mëtt vum éischten Duerchgang wuel bis op 3 Goler eruschaffen (8:11), mee Skopje goung mat engem 18:12 an d'Paus.

Dëse Réckstand huet d'Ekipp aus der Cité du Fer am zweeten Duerchgang net wierklech reduzéiert kritt; e gouf awer och net méi grouss. Um Enn stoung dann eeben eng zweet Néierlag, woumat d'Aventure Europacoupe fir Déifferdeng schonn eriwwer ass. Bescht Scorerin bei de Lëtzebuergerinne war d'Sarah Kupke mat 8 Goler aus 18 Wërf. Liichtbléck war dogéint de Score vun der Golkippesch Amina Cilovic, déi 5 vu 5 Bäll hale konnt a sou op 100 Prozent koum.