Cap Vert huet eng éischte Kéier d'Qualifikatioun fir d'FIFA-Weltmeeschterschaft am Futtball gepackt.

Mat enger 3:0-Victoire géint Eswatini schreift d'Nationalekipp Sportgeschicht. Mat ronn 530.000 Awunner ass de Cap Vert eent vun de klengste Länner, dat jee op der WM dobäi war.
 
D'Ekipp huet an der Qualifikatioun iwwerrascht. D'Vertrauen an d'Jugendspiller, dat an de leschte Joren héichgehale gouf, ass belount ginn an och d'Rekrutéierung vu Spiller, déi am Ausland aktiv sinn, hunn de Kader gestäerkt.

Mat dëser gudder Mëschung aus jonken Talenter an erfuerene Profien konnt ee mat Team-Leeschtung séier Punkte sammelen, d'Favoritten hannert sech loossen a sech esou fir d'éischt fir eng Weltmeeschterschaft qualifizéieren.
 
D'Qualifikatioun vun der Cap Vert weist, datt och kleng Natioune mat klore Konzepter a Leidenschaft grouss Resultater erreeche kënnen.
 
Och zu Lëtzebuerg gëtt dëse Succès gesinn a matgeféiwert, virop an der kapverdianescher Communautéit.

Kapverdianescher Communautéit feiert zu Lëtzebuerg
.