Bierchem klappt Oxford doheem 34:27 an Déifferdeng gewënnt och säin zweete Match. De Lëtzebuerger Handball steet virun engem historesche Meilesteen.

Den HC Bierchem setzt sech no Startschwieregkeete 34:27 géint Oxford University HC duerch. De Retourmatch gëtt e Sonndeg um 17 Auer ugepaff. D'Red Boys Déifferdeng hunn hiren Ticket fir déi nächst Ronn mat engem 29:26 géint KH Katrioti scho gebucht. Den éischte Match hate si 31:28 gewonnen.

An der Axa League hu sech d'Favoritten Diddeleng an Esch keng Bléisst ginn.

Déifferdeng zitt an d'1/16-Finall an

D'Red Boys Déifferdeng war dëse Weekend am Kosovo am Asaz. Am zweeten Tour vum European Cup haten déi Rout net nëmme mam Géigner um Terrain, mee och mat den Halekonditiounen ze kämpfen.

Fir KH Kastrioti war et net den éischte Match géint eng lëtzebuergesch Ekipp. 2010, kuerz no der Onofhängegkeet vum Kosovo, war een am éischten Tour vum deemolegen EHF Cup op den HB Diddeleng getraff. Et hat ee sech awer kloer 23:28 an 17:30 musse geschloe ginn.

D'Red Boys haten hiren éischte Match schonn um Freidegowend bestridden, an dat ënner chaoteschen Zoustänn. Wéi een op der Facebook-Säit vun den Déifferdenger liese konnt, war d'Hal zu Ferizaj, déi eigentlech fir de Match virgesi war, wéinst der Auszielung vu lokale Walen net disponibel. Dowéinst huet d'EHF decidéiert, an eng aner Hal zu Lipjan auszewäichen; mee och do waren d'Konditiounen net topp. Wéinst engem Schued um Daach huet et op den Terrain gedrëpst an de Match stoung op der Kipp. Den EHF-Delegéierten huet de Match 45 Minutte méi spéit wéi ursprénglech ugesat upäife gelooss, ënner der Konditioun, dass déi naass Plazen all puer Minutte gebotzt géifen.

Et war eng enk Partie, an där béid Ekippe mol vir, mol hanne waren. Awer virun allem gouf haart gekämpft. Sou krute souwuel Déifferdeng wéi Kastrioti an den éischte 15 Minutten ee Spiller mat Rout vum Terrain gesat. Bei Déifferdeng hat et de Guillaume Ballet getraff. Well sech keng Ekipp méi wéi ee Gol ofsetze konnt, goung et leeschtungsgerecht mat 14:14 an d'Kabinnen. Am zweeten Duerchgang koum Déifferdeng besser an de Match a konnt sech ënner dem Impuls vun hirem Golkipp Jarrar eng Avance vu 7 Goler erausspillen (24:17 no 45 Minutten). An de leschte Minutten hunn d'Red Boys et awer e bësse schleefe gelooss a sou koum Kastrioti nach eng Kéier bis op 3 Goler erun.

Den zweete Match géint de kosovaresche Vizechampion hat en änleche Verlaf. Um Enn setzt sech Déifferdeng mat 29:26 duerch a séchert sech den Ticket fir d'1/16-Finall. Dës Kéier konnt de Match awer wéi geplangt an der Bill-Clinton-Sportshal zu Ferizaj gespillt ginn.

D'Ufanksminutte waren zimmlech equilibréiert, mee tëscht der 10. an der 15. Minutt konnt sech Déifferdeng e Virsprong vu 4 Goler (9:5) erausspillen. Dat sollt awer net d'Virentscheedung sinn, well d'Kosovare Gol fir Gol opgeholl hunn an an der 23. Minutt konnte si ausgläichen.

Nodeems d'Säite beim Stand vu 15:15 gewiesselt goufen, hunn d'Red Boys de Grondstee fir d'Weiderkommen tëscht der 35. an der 45. Minutt geluecht. Mat engem 8:2-Laf hu si aus engem 16:18 e 24:20 gemaach. Dovu krut Kastrioti sech net méi erholl an de Virsprong vum lëtzebuergesche Vertrieder ass weider ugewuess. Déi maximal Avance louch bei 8 Goler (29:21).

D'Kosovaren hunn an der Defense einfach keen Zougrëff méi kritt a waren am Ugrëff net konzentréiert genuch. D'Red Boys hunn och eng ganz staark Defense gestallt a Kastrioti d'Duerchkomme schwéier gemaach. D'Freed nom éischte Weiderkommen zënter 2022 war op Déifferdenger Säit natierlech grouss.

Bierchem mat gudder Ausgangslag géint Oxford

Mam HC Bierchem war um Samschdeg en zweete lëtzebuergesche Veräin am European Cup am Asaz. D'Réiserbänner duerfte sech um Enn iwwer eng ongefäerdet 34:27-Victoire géint d'Universitéitsekipp vun Oxford freeën.

Dobäi waren et d'Gäscht, déi de bessere Start haten. D'Britte konnten hir fënnef éischt Schëss am Bierchemer Gol ënnerbréngen a louchen no 6 Minutte 5:1 vir. Duerno war d'Ekipp vum Marko Stupar awer am Match a konnt de Score séier egaliséieren (5:5). Am Uschloss blouf de Match enk, mee 6 Minutte virun der Paus konnt sech de lëtzebuergesche Vertrieder op 3 Goler ofsetzen. Sou goung et mat 17:15 an d'Kabinnen.

Oxford, dat sech seng Participatioun um European Cup als englesche Champion a Gewënner vum Supercup verdéngt huet, huet de Réckstand bis an d'40. Minutt bei 2 Goler gehalen. Duerno hu sech d'Gäscht ze vill Feelschëss geleescht a Bierchem konnt bannent 10 Minutten aus engem 22:20 en 29:22 maachen. Dëse Virsprong sollten d'Réiserbänner bis zum Schluss halen an hunn domat eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch e Sonndeg. D'Lëtzebuerger konnte virun allem vun hirer gudder Trefferquot profitéieren. 75 Prozent vun de Schëss (34/45) hunn de Wee an de Gol fonnt, wärend bei Oxford 19 Feelschëss (bei 46 Schëss) zu Buch stoungen. An och de Grzegorz Chapiewski am Bierchemer Gol hat mat 33 Prozent an 13 Paraden eng staark Quot.

Fir de Lëtzebuerger Handball kéint et en historesche Weekend ginn. An de leschten 30 Joer - sou wäit ginn d'Statistike vun der EHF - stounge just 2017/18 dräi lëtzebuergesch Ekippen (Bierchem, Déifferdeng a Käerjeng) an de 1/16-Finalle vun enger europäescher Kompetitioun. Deemools war d'Kompetitioun awer eréischt am zweeten Tour ugaangen, dohier wär et fir d'lëtzebuergesch Vertrieder e sportleche Meilesteen. Dat huet och d'EHF an hirer Virschau opgegraff.

AXA League: Diddeleng an Esch setze sech kloer duerch

An der nationaler Liga spullt den HB Diddeleng säi Programm un Nodrosmatcher erof. Ënnert der Woch konnten d'Fiiss d'Esperance Rëmeleng mat engem impressionante 50:29 heemschécken.  E Samschdeg hat den HBD de Chev Dikrech op Besuch an huet änlech héich gewonnen. No 60 Minutte stoung et 40:17 fir d'Ekipp vum Trainer Dusko Bilanovic. Wat dem Itua Etute géint Rëmeleng gelongen ass, huet säi Brudder Ojié géint Dikrech nogemaach. Béid Bridder hu jeeweils 10 Goler geschoss.

Am zweete Match um Samschdeg huet den HB Esch eréischt nom Säitewiessel säi Kënnen opblëtze gelooss an huet géint den HC Standard  31:27 d'Iwwerhand behalen. Dobäi louchen d'Stater quasi déi ganz éischt Hallschent vir (15:13 an der Paus), haten awer net genuch Kraaft, fir iwwer déi voll Distanz ze goen. Ab der 45. Minutt war Esch kloer vir an huet de Virsprong iwwer d'Zäit bruecht.

Am Dammechampionnat sinn dëse Weekend keng Matcher ugesat.