Paul Philipp feiert säi 75. Gebuertsdag
75 Joer Paul Philipp a vun deene Jore war hien och ganz laang am Asaz fir den nationalen an internationale Futtball.
57 Lännermatcher huet de Paul Philipp fir d’FLF-Selektioun gespillt a konnt 5 Goler markéieren. Donieft war hien als Spiller beim Avenir Beggen, bei der Union Saint-Gilloise, beim Standard Léck an dem Royal Charleroi aktiv. No senger Statioun als Trainer vum Avenir Beggen gouf de Paul Philipp 1985 Lëtzebuerger Nationaltrainer an hien ass dat wärend 16 Joer bliwwen. Méi laang wéi keen aneren.
Memorabel Matcher waren ënner anerem d’Partie 1990 heiheem géint den deemolege Weltmeeschter Däitschland. Nëmmen 2:3 hu sech d’Rout Léiwen am Stade Josy Barthel misse geschloe ginn. Eng vu sengen éischte Victoiren als Nationaltrainer huet den Paul Philipp 1995 konnte feieren. An der EM-Qualifikatioun konnt sech d’FLF-Selektioun duerch ee Gol vum Guy Hellers 1:0 am Stade Josy Barthel géint Tschechien behaapten.
Bis 2001 war de Paul Philipp Nationaltrainer. Dräi Joer méi spéit gouf hien, als ale Charmeur op Vältesdag, zum FLF-President gewielt. Mam Allan Simonsen, dem Guy Hellers, dem Luc Holtz an dem Jeff Strasser huet de Paul Philipp un der Spëtzt vun der FLF véier weider Nationaltrainere materlieft.
Ganz fréi a senger Zäit als FLF-President huet de Paul Philipp sech fir de Bau vun engem neie Stadion agesat, well de Stade Josy Barthel den internationalen Normen net méi entsprach huet.
Vun 1995 un hat déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp op eng Victoire misse waarden. Den 13. Oktober 2007 ass dës dunn zu Gommel a Belarus endlech gelongen. Dem Fons Leweck säi Gol huet och de Paul Philipp e bësse matgeholl.
Eng weider Funktioun vum Paul Philipp koum dunn am September 2006 dobäi. Iwwert déi lescht 19 Joer huet hie beim Nico Keiffer, dem Tim Hensgen an dem Jeff Kettenmeyer seng Expertise vun der UEFA-Champions-League ofginn. Virun allem d’Nimm si bis haut nach eng vum dem Här Philipp seng gréisste Stäerkten a fir e klenge Geck ass hien och ëmmer ze hunn.
Spaass bei Säit: Déi ganz RTL-Ekipp wënscht Iech Här Philipp alles Guddes fir Äre 75. Gebuertsdag. Eng gutt Gesondheet an op nach vill weider Joren.