En Dënschdegowend koum et am Kader vum drëtte Spilldag vun der Champions-League-Gruppephas zum Topmatch tëscht dem FC Arsenal an dem Atletico vu Madrid.

Um Enn kann Arsenal dësen Topmatch kloer fir sech entscheeden. Duerch eng couragéiert a monter Prestatioun gewannen d'Londoner verdéngt géint eng Ekipp vum Altetico, déi wäit hannert den Erwaardunge bliwwen ass. No 90 flotte Minutte gewënnt Arsenal deemno 4:0 géint eng iwwerfuerdert Ekipp vum Atletico vu Madrid.

Och keng Problemer hat iwwerdeems den FC Barcelona. D'Spuenier gewanne géint d'Griiche vun Olympiakos Piräus kloer mat 6:1. Bayer Leverkusen war en Dënschdeg den Owend och kee würdege Géigner fir de PSG. Déi Däitsch musse sech um Enn kloer 2:7 geschloe ginn.

Den Inter Mailand setzt sech kloer auswäerts mat 4:0 géint d'Union Saint-Gilloise duerch, wat den Owend kee Land gesinn huet. De Lëtzebuerger Leandro Barreiro huet misse vun der Bänk aus nokucken, wéi seng Ekipp, Benfica Lissabon, mat 0:3 de Kierzere gezunn huet géint Newcastle United.

Donieft gewënnt Manchester City 2:0 géint den FC Villarreal. Dortmund bezwéngt no kuerze Problemer am Ufank vum Match Kopenhagen mat 4:2 an d'SSC Neapel muss sech e bëssen iwwerraschend mat 2:6 géint den hollännesche Veräin PSV Eindhoven geschloe ginn.

Kee Gewënner gouf et um Enn tëscht Qairat Almaty a Pafos FC. Béid trenne sech 0:0.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

FC Arsenal - Atletico Madrid 4:0
1:0 Gabriel (57'), 2:0 Martinelli (64'), 3:0 Gyökeres (67'), 4:0 Gyökeres (70')

Arsenal ass gutt an de Match gestart an huet vun Ufank u probéiert, de Géigner virun heemeschem Public, ënner Drock ze setzen. Esou sollten d'Gunners och direkt zu enger gudder Occasioun kommen. An der 4. Minutt krut den Eze de Ball, deen net laang gezéckt an direkt ofgezunn huet. Säi Schoss gouf nach vum Hancko ofgefälscht, soudatt en um Enn op der Lat gelant a vun do nees op den Terrain geflunn ass. Mä de Rice konnt den Noschoss net cadréieren, soudatt et beim 0:0 bliwwen ass. Am weidere Verlaf war et d'Lokalekipp, déi ëmmer nees monter no vir gespillt huet. An der 14. Minutt ass de Lewis-Skelly no enger schéiner a séierer Kombinatioun zum Ofschloss komm. Säi Flachschoss ass awer nieft dem Gol vum Oblak ageschloen. De sloweenesche Golkipp stoung an der 19. Minutt du fir déi éischte Kéier esou richteg am Fokus. Dëst well hien e Ball an d'Déift, deen de Saka fonnt huet, gutt entschäerft huet, andeems hien am richtege Moment aus dem Gol komm ass. An där Phas vum Match war vun de Gäscht offensiv näischt ze gesinn, abee si sollten dunn awer an der 25. Minutt bal a Féierung goen. Dobäi hätten d'Spuenier awer vun engem onnéidege Feeler vum Golkipp vun de Gunners profitéiert, deen an den Dribbling mat engem Spiller vum Atletico gaangen ass an de Ball dobäi verluer huet. Um Enn sollt den Alvarez un de Ball kommen, dee vum Feeler vum Raya awer schlussendlech net profitéiere konnt. Doropshin hate béid Ekippen nach eng gutt Chance. Op där enger Säit war et de Martinelli, deen de Ball an der 36. Minutt esouguer am Gol vum Atletico ënnerbrénge konnt, mä opgrond vun enger Abseitspositioun huet dësen net gezielt. Op der anerer Säit huet den Alvarez kuerz virum Téi e Fräistouss a Richtung Gol vun de Gunners gezierkelt, mä dëse sollt gutt zwee Meter nieft dem Potto aschloen. Deemno ass et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen, obschonns d'Gunners däitlech méi vum Match haten.

No der Paus ass déi éischte Golchance op de Kont vum Atletico gaangen. Et war den Alvarez, dee sech an der 48. Minutt en Häerz gefaasst an aus der Distanz ofgezunn huet. Säi stramme Schoss sollt allerdéngs just d'Lat zum wackele bréngen. De Raya am Gol vum Arsenal wier bei dësem Schoss ouni Chance gewiescht. Mä och Arsenal huet weiderhin de Wee zum Gol gesicht. An der 54. Minutt sinn d'Gunners du fir d'éischt an der zweeter Hallschent virum géigneresche Gol opgedaucht, mä de Gyökeres hat net déi néideg Reussite op senger Säit. An der 57. Minutt sollt Arsenal dunn awer verdéngt a Féierung goen. De Rice, deen eng gutt Prestatioun gewisen huet, huet e Fräistouss schaarf an de Strofraum bruecht, wou de Gabriel gutt a Richtung Ball gelaf ass. De Brasilianer konnt de Ball uschléissend mam Kapp an de Gol drécken an de Score op 1:0 setzen. Doropshin haten d'Gäscht wuel e puer Chancen, mä deen nächste Gol sollt awer der Lokalekipp geléngen. An der 64. Minutt gouf de Gabriel Martinelli herrlech vum Lewis-Skelly an Zeen gesat, soudatt de Brasilianer de Ball schéin an de laangen Eck zierkelen an domadder scho fir eng kleng Virentscheedung suerge konnt. Fir déi endgülteg Virentscheedung sollt de Gyökeres an der 67. Minutt suergen, deen am Strofraum vill Zäit hat an de Ball um Enn zum 3:0 am Gol ënnerbrénge konnt. Dobäi huet de Schwed awer dovu profitéiert, datt de Ball ofgefälscht ginn ass, soudatt den Oblak keng Méiglechkeet méi hat, fir un de Ball ze kommen. An der 70. Minutt sollt dem Schwed dunn och nach no engem Corner de 4:0 geléngen. Zu London war d'Bier deemno definitiv geschielt. E weidere Gol sollt net méi falen, soudatt de Match mat enger verdéngter 4:0-Victoire fir d'Männer aus dem Norde vu London op en Enn geet. Den Atletico muss sech no enttäuschender Leeschtung geschloe ginn.

Déi bescht Zeene vum Match Arsenal géint Atletico Madrid
D'Spectateure kruten e flotte Match zu London ze gesinn

Bayer Leverkusen - Paris Saint-Germain 2:7
0:1 Pacho (7'), 1:1 Aleix Garcia (38', Eelefmeter), 1:2 Doué (41'), 1:3 Kvaratskhelia (44'), 1:4 Doué (45'+3), 1:5 Nuno Mendes (50'), 2:5 Aleix Garcia (54'), 2:6 Dembelé (66'), 2:7 Vitinha (90')

FC Villarreal - Manchester City 0:2
0:1 Haaland (17'), 0:2 Bernardo Silva (40')

D'Resuméë vun de Matcher Leverkusen géint Paräis a Villarreal géint City
Leverkusen geet géint eng motivéiert Paräisser Ekipp ënner, Manchester City gewënnt mat 2:0 géint Villarreal

Union Saint-Gilloise - Inter Mailand 0:4
0:1 Dumfries (41'), 0:2 Martinez (45'+1), 0:3 Calhanoglu (53', Eelefmeter), 0:4 Esposito (76')

Newcastle United - Benfica Lissabon 3:0
1:0 Gordon (32'), 2:0 Barnes (70'), 3:0 Barnes (83')

D'Resuméë vun de Matcher Saint-Gilloise géint Inter an Newcastle géint Benfica
Inter Mailand an Newcastle kënnen hir Matcher jeeweils souverän gewannen

PSV Eindhoven - SSC Neapel 6:2
0:1 McTominay (31'), 1:1 Buongiorno (35', Eegegol), 2:1 Saibari (38'), 3:1 Man (54'), 4:1 Man (80'), 4:2 McTominay (85'), 5:2 Pepi (86'), 6:2 Driouech (89')

FC Kopenhagen - Borussia Dortmund 2:4
0:1 Nmecha (20'), 1:1 Anton (33', Eegegol), 1:2 Bensebaini (61', Eelefmeter), 1:3 Nmecha (76'), 1:4 Fabio Silva (87'), 2:4 Dadason (90')

D'Resuméë vun de Matcher Eindhoven géint Neapel a Kopenhagen géint Dortmund
Neapel zitt géint de PSV kloer de Kierzeren, Dortmund wënnt auswäerts a Kopenhagen

FC Barcelona - Olympiakos Piräus 6:1
1:0 Fermin (7'), 2:0 Fermin (38'), 2:1 El Kaabi (53', Eelefmeter), 3:1 Lamine Yamal (68', Eelefmeter), 4:1 Rashford (74'), 5:1 Fermin (76'), 6:1 Rashford (79')

FK Qairat Almaty - Pafos FC 0:0

D'Resuméë vun de Matcher Barcelona géint Piräus an Almaty géint Pafos FC
Barcelona léisst de Griiche keng Chance, kee Gewënner gëtt et am Aussesäiterduell tëscht Almaty a Pafos FC

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.