
Am EHF European Cup bei den Damme si fir de Kont vun der 2. Ronn dräi Lëtzebuerger Vertrieder am Asaz:
Den Doublégewënner HB Dudelange trëtt géint Veneco Velo aus Holland un. Den HB Käerjeng spillt géint Skopje aus Mazedonien an déi Déifferdenger Red Boys kréien et mat Garabagh HC aus dem Aserbaidjan ze dinn.