Urban TrailAn enger Course och gäre mam Mupp!

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg, den 28. Abrëll ass schonns déi 10. Editioun vum Urban Trail an der Stad.

Fir déi Erwuesse gi genee wéi dat leschte Joer nees 4 Strecken ugebueden, déi vun 13 bis 34 Kilometer ginn. Do dernieft sinn nach zwou Coursse fir Kanner.

D’Organisateure rechne mat ronn 4.000 Leefer, déi mat derbäi wäerte sinn.

Nei ass dëst Joer eng Course, wou d’Leit mat hiren Hënn kënnen un den Depart goen.

Den Organisateur vum Urban Trail José Azevedo

5 Euro kascht et, fir mat sengem Hond um Urban Trail matzemaachen. Déi Sue ginn integral un en Déierenasyl.

Back to Top
CIM LOGO