Olympesch Wanterspiller 2025An Italien ass Lëtzebuerg duerch d'Gwyneth Ten Raa an de Matthieu Osch vertrueden

RTL Lëtzebuerg
Déi Olympesch Wanterspiller zu Mailand an zu Cortina d’Ampezzo fänken de 6. Februar 2026 un. Déi zwee Lëtzebuerger sinn tëscht dem 14. an dem 17. Februar am Asaz.
De Matthieu Osch beim Riseslalom.
© ATP/QIAN Jun & OSADA Yohei

Op den Olympesche Wanterspiller zu Mailand an zu Cortina d’Ampezzo an Italien ass Lëtzebuerg duerch zwee Athleten vertrueden. Dat deelt de COSL en Dënschdeg mat.

Et sinn déi zwee Schi-Fuerer Gwyneth Ten Raa a Matthieu Osch. Si gi begleet vun engem Staff, ënnert der Leedung vum Missiounschef Raymond Conzemius. Allebéid gi souwuel am Slalom, wéi och am Riseslalom un den Depart.

D’Gwyneth Ten Raa beim Riseslalom.
© Arthur Thill

Communiqué vum COSL: Olympesch Wanterspiller 2026

Back to Top
CIM LOGO