Vum 15. bis 18. Oktober an der CoqueAngelique Kerber, Yanina Wickmayer a Monica Puig beim Luxembourg Ladies Tennis Masters mat dobäi

Yannick Gross
An zwou Woche gëtt de Luxembourg Ladies Tennis Masters fir eng weider Kéier an der Coque gespillt. Mat dobäi ass dëst Joer op en neits d'Angelique Kerber, dat zejoert gewanne konnt a säin Titel elo verdeedege wëll. Nieft den héichklassege Matcher um Terrain ginn awer och nach aner Evenementer ronderëm organiséiert.

Vum 15. bis den 18. Oktober ass et nees esou wäit: De Ladies Tennis Masters an der Coque wäert op en Neits organiséiert ginn an Ex-WTA Spillerinne wéi d'Monica Puig oder d'Yanina Wickmayer op Lëtzebuerg bréngen. Zejoert waren immens vill Leit als Supporter an der Coque mat dobäi an och dëst Joer hofft een, datt vill Leit kucke kommen.

Mat dobäi ass och dëst Joer déi fréier Grand-Slam-Gewënnerin Angelique Kerber. Déi fréier Weltranglëschten-Nummer-1 hat d'Editioun zejoert gewonnen an och dëst Joer dierft hiert Ziel et sinn, dësen Titel ze verdeedegen.

"Et ass jo bei eis am Reglement, dass d’Gewënnerin automatesch erëm ka kommen, wa se wëll. Et ass een Tournoi op Invitatioun, wou mir de Choix maachen. D’Angelique Kerber hat säin Ticket also an der Täsch an elo si mir ganz frou doriwwer, dass hatt gesot huet, et wéilt erëmkommen", esou d'Danielle Maas, Direktesch vum Luxembourg Ladies Tennis Masters.

Wichteg ass awer am allgemengen, datt Spillerinnen dobäi sinn, déi nach ee gudden Niveau hunn an net opgehalen hu mat Trainéieren, sou d'Danielle Maas:

"Mir wëllen de Choix esou maachen, dass d'Spillerinnen nach physesch gutt sinn a spilleresch gutt sinn. Mir wëllen net einfach nëmmen een Numm huelen. Mir haten e puer Spillerinnen, déi wollte kommen, mat prestigiéisen Nimm, wou mir awer gesinn hunn a woussten, dass se net méi trainéieren. Mir baséieren eis just op Spillerinnen, déi nach wëllen a waarm sinn, den Tournoi seriö ze huelen."

Den Tennis um Terrain ass awer net dat eenzegt, wat am Kader vum Ladies Tennis Masters um Programm steet. Och de Let’s Talk, eng Table Ronde, ass nees mat dobäi. An och ee Show-Dubbel wäert organiséiert ginn.

"Den 'Daniela and Friends Double Mixed', dat ass d'Daniela Hantuchova, d'Andrea Petkovic, de Metti Reiter vun der FLT an den Alex Knaff, dee gesot huet: 'ech hunn zwar opgehalen', mee dat do wëll ech awer nach maachen."

Vill Interessantes ass op alle Fall bei dësem Tournoi gebueden an et dierf ee gespaant sinn, ob d'Angelique Kerber säin Titel verdeedege kann oder ob no dëser 6. Editioun eng aner Spillerin d'Coupe mat heem dierf huelen.

Back to Top
CIM LOGO