Nations LeagueAnthony Moris fält bei Matcher géint Bulgarien an Nordirland aus
E Freideg an den nächste Méindeg, spillt d’Futtballnationalekipp an der Nations League géint Bulgarien an Nordirland.
Verëffentlecht: 13.11.24 10:37, Update: 04.12.25 07:50
D’FLF-Selektioun muss op den Anthony Moris verzichten. De Goalkeeper vun der Union Saint-Gilloise huet sech e Muskelfaserrëss zougezunn.
De Luc Holtz huet a senger Platz de Lucas Fox nonominéiert.