
De Paredes war an den Tumulter tëschent Spiller a Betreier vu béiden Ekippen involvéiert, ënnert anerem géigeniwwer dem Spuenier Gavi war hien handgräiflech ginn. Op béide Säiten, also Spuenien wéi och Argentinien, si verschidde Spiller a Staff-Membere vun der FIFA sanktionéiert ginn. Dem Paredes säi Co-Equipier Nahuel Molina gouf fir aacht Matcher gespaart. Hien hat dem Rodri e Coup verpasst.
Spuenien hat d'Finall vun der Futtball-WM zu New York no Verlängerung mat 1:0 géint Argentinien gewonnen.