LiichtathletikAss eng Europameeschterschaft zu Lëtzebuerg méiglech?

RTL Lëtzebuerg
Jo sot de Weekend de President vum europäeschen Liichtathletik Verband, de Svein Arno Hansen.

Den Norweger war e Samschdeg um Indoor Meeting an der Coque an hien hat och eng Entrevue mam Sportminister Dan Kersch. De Svein Arne Hansen hofft, dass d’EM an den nächste Joren op Lëtzebuerg kënnt. Et wier ee grousst Evenement an eng grouss Promotioun fir d’Lëtzebuerger Athleten an och déi europäesch. Hien hofft, dass d’Federatioun elo een Dossier preparéiert an dass een dann zesumme bei d’Politiker geet, fir dee Projet ze realiséieren.

De Svein Arno Hansen

De Svein Arne Hansen hat och Gespréicher mat de Responsabele vun der Liichtathletik-Federatioun. De Generalsekretär vun der FLA, de Mathis Mellina sot, dass déi Gespréicher duerchaus positiv waren. Et wier kloer, dass et eng flott Hal wier an dass et, wat d’Zuschauer ugeet, méiglech wier. Et hätt een och scho mam Minister Dan Kersch geschwat an deen ass der Meenung, dass dat eng flott Saach wier an dass hien d’Liichtathletik-Federatioun dobäi ënnerstëtze wéilt.

De Mathis Mellina

Eng Liichtathletik-EM dierft awer fréistens no 2024 a Fro kommen.

Back to Top
CIM LOGO