
Am Spëtzematch vum Owend kruten d’Spectateuren zu Madrid eng 2:1-Victoire vum Atletico ze gesinn. An engem Match, deen de Futtballromantiker wuel net an Erënnerung bleiwe wäert, kënne sech d’Spuenier no enger besserer zweeter Hallschent um Enn verdéngt géint Leverkusen duerchsetzen. D’Gäscht hunn an der zweeter Hallschent vill ze wënschen iwwreg gelooss, soudatt si sech no enger 1:0-Féierung musse geschloe ginn.
D’Spiller vun Atalanta Bergamo hunn an hirem Match de Gäscht aus Éisträich keng Chance gelooss. Si iwwerlafe Sturm Graz a gewannen no 90 Minutte verdéngt mat 5:0. Fir d’Spiller vum Sturm ass domadder d’Champions-League-Campagne no der Gruppephas eriwwer, wougéint et fir Atalanta den Ament richteg gutt ausgesäit, fir sech an den Top-8 ze klasséieren. Monaco gewënnt iwwerdeems knapps mat 1:0 géint Aston Villa, soudatt d’Fransousen an der Tabell elo punktgläich mat den Englänner sinn.
Stuttgart setzt sech géint Bratislava mat 3:1 duerch an huet domadder nach gutt Chancen op e Weiderkommen. Dortmund muss sech mat 1:2 géint Bologna geschloe ginn, woubäi den Italiener zwou Minutten duergaange sinn, fir de ganze Match ze dréinen.
Liverpool ka sech knapps mat 2:1 géint Lille duerchsetzen. Eindhoven gewënnt och knapps mat 3:2 géint Belgrad.
Kee Gewënner gëet et iwwerdeems am Match tëscht Juventus a Brügge. Si trenne sech 0:0. Am leschte Match vum Owend ka sech Barcelona mat 5:4 géint Benfica Lissabon behaapten. De Lucky Punch sollt fir d’Gäscht no enger geckeger zweeter Hallschent an der 96. Minutt falen.
Atletico Madrid - Bayer Leverkusen 2:1
0:1 Hincapie (45'+1), 1:1 Alvarez (52'), 2:1 Alvarez (90')
Et huet bis an déi 12. Minutt gedauert, bis datt zu Madrid en Hauch vu Gefor an der Loft houng: No engem séiere Konter vun de Leverkusener, bei deem de Wirtz de Grimaldo schéin an Zeen gesat huet, krut de Spuenier op Leverkusener Säit de Ball a leschter Sekonn nach vum Fouss gespëtzelt, ier datt dësen hätt kéinten ofzéien. An der 17. Minutt ass et du fir d’zweet Kéier geféierlech ginn an dëst nees op Leverkusener Säit. De Xhaka huet de Ball raus op de Grimaldo gespillt, deen an de Réckraum ofgeluecht huet, wou de Palacios op de Ball gewaart huet, deen dunn awer de Gol mat sengem Schoss däitlech verfeelt huet. Nëmmen zwou Minutten drop, loung de Ball dunn am Madrider Gol. Allerdéngs gouf de Gol vum Tella oferkannt. Dëst well de Grimaldo, deen d’Virlag gemaach huet, am Abseits stoung, wou hien de Ball am Virfeld ugeholl huet. Doropshinn huet Leverkusen weider den Drock erhéicht an et gouf Chancen am Minuttentakt, mä weder Wirtz nach Tella konnten den Oblak am Gol bezwéngen.
An der 25. Minutt huet sech den Atletico dunn och nach selwer geschwächt, nodeems de Barrios opgrond vun engem uerge Feeler eng rout Kaart gesinn huet. D’Spuenier hu sech doropshin nach méi zréck gezunn an hunn de Leverkusener d’Spill iwwerlooss, déi am weidere Verlaf zwar vill Ballbesëtz haten, mä just nach an der 30. Minutt mat engem Distanzschoss vum Xhaka esou richteg geféierlech konnte ginn.
Mä et sollt awer net mat engem 0:0 op den Téi goen. Den Hincapie konnt an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent de Score op 1:0 setzen. Dëst nodeems de Leverkusener vun enger mustergülteger Flank vum Mukiele an Zeen gesat gouf. Kuerz drop huet den Arbitter béid Ekippen an d’Kabinne geschéckt, soudatt et mat enger verdéngter Leverkusener 1:0-Féierung an d’Hallschent gaangen ass.
Nom Téi sollt dunn den zweete Gol vum Dag falen an dëst, e bëssen iwwerraschend, op Säite vum Atletico. E laange Ball vum Griezmann sollt den Alvarez fannen, deen dovu profitéiere konnt, datt den Tah bei sengem Klärungsversuch net gutt ausgesinn huet, an esou de Score mat engem lässege Schoss egaliséiere konnt.
No dësem Gol ass de Match ofgeflaacht. Virun de Goler ass just nach seelen eppes geschitt an de Match war am weidere Verlaf dacks ënnerbrach, wat de Spillfloss gestéiert huet. Den Atletico huet mat sengem Anti-Futtball déi Leverkusener gutt viru sengem Gol ewechgehalen a se mat hirer eekleger Spillaart a Weis aus der Fassung bruecht. D’Gäscht konnte sech net méi esou oft virum Gol manifestéieren, wéi se et nach an der éischter Hallschent gemaach hunn. An der 76. Minutt stoung et dunn an de roude Kaarten och 1:1. Dëst nodeems de Leverkusener Hincapie seng zweete giel Kaart gesinn huet. Doduerch goufen et awer net méi Golchancen, de Match ass op engem beschaulechen Niveau bliwwen.
Trotz beschaulechem Niveau sollt et am Match um Enn awer e Gewënner ginn. An der 90. Minutt sollt den Alvarez nach eng Kéier geféierlech virum Leverkusener Gol opdauchen. Eleng virum Golkipp léisst den Alvarez dem Kovar keng Chance a kann de Lucky Punch setzen. Den Atletico gewënnt domadder um Enn mat 2:1 géint eng Leverkusener Ekipp, déi an der zweeter Hallschent vill ze wënschen iwwreg gelooss huet.
Atalanta Bergamo - Sturm Graz 5:0
1:0 Retegui (12'), 2:0 Pasalic (58'), 3:0 De Ketelaere (63'), 4:0 Lookman (90'), 5:0 Brescianini (90'+5)
AS Monaco - Aston Villa 1:0
1:0 Singo (8')
Benfica Lissabon - FC Barcelona 4:5
1:0 Pavlidis, 1:1 Lewandowski (13', Eelefmeter), 2:1 Pavlidis (22'), 3:1 Pavlidis (30', Eelefmeter), 3:2 Raphinha (64'), 4:2 Araujo (68', Selbstgol), 4:3 Lewandowski (78', Eelefmeter), 4:4 Eric (86'), 4:5 Raphinha (90'+6)
Roter Stern Belgrad - PSV Eindhoven 2:3
0:1 De Jong (17'), 0:2 Til (23'), 0:3 Flamingo (43'), 1:3 Ndiaye (73'), 2:3 Djiga (77')
FC Liverpool - OSC Lille 2:1
1:0 Salah (34'), 1:1 David (62'), 2:1 Elliott (67')
Club Brügge - Juventus Turin 0:0
FC Bologna - Borussia Dortmund 2:1
0:1 Guirassy (15', Eelefmeter), 1:1 Dallinga (71'), 2:1 Iling-Junior (72')
Slovan Bratislava - VFB Stuttgart 1:3
0:1 Leweling (11'), 0:2 Leweling (38'), 1:2 Metsoko (85'), 1:3 Rieder (87')
All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Tabell, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.