French OpenBarbora Krejcikova wënnt och am Dubbel a séchert sech den "Doublé"

RTL Lëtzebuerg
D'Tschechin huet domadder als éischt Spillerin zanter dem Mary Piece am Joer 2020 den "Doublé" zu Roland-Garros gewonnen.
© AFP

Een Dag no hirer iwwerraschender Victoire am Eenzel huet sech d’Barbora Krejcikova e Sonndeg och am Dubbel un der Säit vun hirer Partnerin Katerina Siniakova duerchgesat. An der Finall hu si den US-amerikanesch-polneschen Dubbel Bethanie Mattek-Sands/Iga Swiatek an zwee Sätz mat 6:4 a 6:2 geklappt.

Domadder hunn d’Barbora Krejcikova an d’Katerina Siniakova hir Victoire vun 2018 widderholl. Fir den Duo ass et schonn déi drëtte Grand-Slam-Victoire. 2018 hu si och Wimbledon gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO