Internationale FuttballBarcelona léisst Punkte leien, Juventus mat Defaite géint SPAL

RTL Lëtzebuerg
Domat muss sech d'Bianconeri nach weiderhi gedëllegen, bis de Championstitel sécher ass. Iwwerdeems suergt och Huesca fir eng Iwwerraschung an der La Liga.

Premier League

Tottenham Hotspur - Huddersfield Town 4:0
1:0 Wanyama (24'), 2:0 Lucas (27'), 3:0 Lucas (87'), 4:0 Lucas (90+3')

Am Match géint den Tabelleleschten huet Tottenham e Samschdeg de Mëtten näischt ubrenne gelooss. De Wanyama huet an der 24. Minutt fir d'1:0 Féierung gesuergt, kuerz drop war et dann nach de Lucas deen op 2:0 erhéije konnt an de Match domat scho sou gutt wéi entscheet huet. No der Paus hu sech d’Spurs dann nach e bëssen Zäit gelooss a mam drëtte Gol bis zu der 87. Minutt gewaart. Schonn nees war et de Lucas, dee virum Gol äiskal bliwwen ass an an der 93. Minutt huet de Brasilianer mat sengem drëtte Gol den Hattrick perfekt gemaach.

Manchester United - West Ham United 2:1
1:0 Pogba (19'), 1:1 Anderson (49'), 2:1 Pogba (80')

Am Kampf ëm déi international Plazen huet sech Manchester United dräi wichteg Punkten am Match géint West Ham gesëchert. No 19 Minutte konnt de Pogba d’Red Devils a Féierung bréngen. Kuerz no der Paus huet den Anderson dann d’Stëmmung am Old Trafford awer e bësse gebremst. An der 49. Minutt konnt de Brasilianer zum 1:1 ausgläichen. 10 Minutten viru Schluss war et dann awer nees de Pogba, dee mat sengem zweete Gol d’Victoire fir Manchester United séchere konnt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Olympique Marseille - Nîmes 2:1
1:0 Germian (72'), 2:0 Luiz Gustavo (73'), 2:1 Savanier (82')

Laang war et e rouege Match am Stade Velodrome zu Marseille. Mat engem 0:0 ass et an d’Paus gaangen an och nom Säitewiessel ass et dobäi bliwwen, bis d’Lokalekipp mat zwee Goler an zwou Minutten a Féierung gaangen ass. Fir d’éischt war et de Germain an der 72. Minutt, eng Minutt méi spéit dann de Luiz Gustaveo. An der 82. Minutt ass de Gäscht vun Nimes zwar nach den Uschloss gelongen, ma fir ee Punkt sollt et zum Schluss net duergoen.

AS Monaco - Stade Reims 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Huesca - FC Barcelona 0:0

Mat Bléck op d’Champions League déi nächst Woch ass et fir Barcelona ouni de Starensemble Messi, Suarez & Co. géint den Opsteiger Huesca an de Match gaangen, deen op der leschter Plaz an der Tabell steet. All ze vill Chancen sinn et net ze ziele ginn. Bis op de Schoss vum Malcom, deen nëmmen de Potto getraff huet, ass den Tabelleleader zu kenger gudder Méiglechkeet komm e Gol ze schéissen. Domat deele sech d’Katalane mat engem 0:0 d’Punkte mat Huesca. Ma e Grond sech ze suergen besteet am Moment net fir den FC Barcelona, dee 6 Spilldeeg viru Schluss mat 12 Punkte Virsprong op Atlético Madrid un der Tabellespëtzt steet.

Atlético Madrid - Celta Vigo 2:0

Nodeems den Tabelleleader Barcelona zu Huesca Punkte leie gelooss huet, hat Atlétivo Madrid am eegene Stadion d’Chance de Réckstand ze verkierzen. An dat ass och gemaach ginn. An der 42. Minutt war et nämlech de Griezmann, deen den Tabellenzweeten a Féierung bruecht huet. Celta Vigo huet eigentlech gutt dergéint gehal a sech déi eng oder aner Chance erausgespillt. Ma an der 74. Minutt huet de Morata de Match mat sengem Gol zum 2:0 Endstand entscheet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A

SPAL Ferrara - Juventus Turin 2:1
0:1 Kean (30'), 1:1 Bonifazi (49'), 2:1 Floccari (74')

Fir eng Iwwerraschung huet e Samschdeg d’Ekipp vu SPAL Ferrara gesuergt. D’Gäscht vun Turin, déi wéinst der Champions League déi wichteg Spiller geschount huet, ass an der 29. Minutt duerch e Gol vum Kean a Féierung gaangen. Beim 0:1 ass et dann och bis d’Paus bliwwen. Kuerz nom Säitewiessel war et dann awer de Bonifazi, deen an der 49. Minutt zum 1:1 ausgläiche konnt. D’Lokalekipp huet gemierkt dass eppes dran ass an huet sech an der 74. Minutt mam Gol vum Floccari belount. Juventus huet et zum Schluss net méi gepackt nach eng Kéier opzehuelen a muss domat nach waarden, bis den 8. Championstitel hannertenee gefeiert ka ginn.

AS Roum - Udinese Calcio 1:0
1:0 Dzeko (67')

Fir weiderhi gutt Chancen op d’Champions League nächst Saison ze hunn ginn all Punkte gebraucht. Dat och e Samschdeg géint Udinese Calcio. No 45 Minutten ass et mat engem 0:0 an d’Vestiaire gaangen, ma no der Paus hunn d’Haushären den Tempo ugezunn a sou war et den Dzeko an der 67. Minutt, deen no enger Virlag vum El Shaarawy den 1:0 fir den AS Roum markéiere konnt. Bei deem Resultat sollt et dann och bleiwen a sou steet d’Ekipp aus der Haaptstad op der 4. Plaz an der Tabell, op mannst bis den AC Mailand an Atalanta gespillt hunn.

AC Mailand - Lazio Roum (20h30)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO