Basketball-ChampionnatBartreng ass weider net ze stoppen, Ettelbréck wënnt mat 59 Punkten Differenz

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war den Optakt vum 5. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.

Hären

Den Tabelleleader Sparta Bartreng bleift als eenzeg Ekipp ongeschloen, dat no enger dominanter 86:62-Victoire géint de Basket Esch. De Jarvis Williams huet op en Neits seng Formstäerkt ënner Beweis gestallt a koum op 24 Punkten.

Sparta ass weider net ze stoppen
Bartreng dominéiert de Basket Esch a gewënnt mat 86:62.

D’Arantia Fiels iwwerrennt d’Résidence Walfer mat 112:92. D’Lokalekipp huet 19 Dräier getraff, en neien Héchstwäert dës Saison an der Enovos League, eleng de Kevon Godwin konnt 8 Mol vun hannert der Dräierlinn treffen a koum op 30 Punkten, de Géigner Walfer hat als Ekipp nëmme sechs Dräier um Kont. Um Sonndeg gouf den Héchstwäert vun den Dräier vun der Etzella schonn nees iwwertraff.

Den T71 Diddeleng setzt sech mat 83:68 géint d’Musel Pikes duerch. Dobäi konnt de Joe Kalmes mat 35 Punkten a 15 Rebounds eng aussergewéinlech staark Leeschtung weisen.

Mambra Mamer setzt sech auswäerts mat 87:83 beim AB Conter duerch. D’Lokalekipp steet domat weiderhin um Enn vun der Tabell a bleift als eenzeg Ekipp ouni Victoire dës Saison. 25 Punkte goungen op de Kont vum Domenick Sleva.

D’Amicale Steesel wënnt mat 80:66 auswäerts géint de Racing Lëtzebuerg. Den Ahston Sherrell war mat 30 Punkten a 16 Rebounds net ze stoppe bei de Gäscht.

Um Sonndeg huet de Champion Etzella Ettelbréck sech däitlech mat 121:62 géint den ersatzgeschwächte Géigner Kordall Steelers duerchgesat. D’Lokalekipp huet 21 Dräier getraff a war an alle Beräich iwwerleeën. D’Etzella huet 21 Dräier getraff an huet domat en neie Ligarekord fir d’Saison opgestallt, de Nicholas Davis koum op 27 Punkten.

Resumé vun der Partie Etzella - Kordall Steelers
Um Sonndeg huet de Champion Etzella Ettelbréck sech däitlech mat 121:62 géint d’Kordall Steelers duerchgesat.

Dammen

Bei den Damme gouf de komplette fënnefte Spilldag um Samschdeg gespillt. Den T71 Diddeleng setzt sech kloer mat 91:46 géint d’Musel Pikes duerch. Diddeleng bleift ongeschloen, d’Pikes dogéint hunn nach kee Match am Championnat gewonnen. Den T71 konnt donieft de Comeback vum Catherine Mreches feieren, d’Nationalspillerin stoung no laanger Verletzungspaus nees um Terrain.

D’Sparta Bartreng wënnt däitlech mat 100:61 géint de Basket Esch. D’Lokalekipp huet mat enger ausgeglachener Ekippeleeschtung iwwerzeegt, fënnef Spillerinnen hunn op d’mannst 13 Punkte markéiert. D’Gäscht hu missten op d’Tatsiana Likhtarovich verzichten a konnten deen Ausfall net kompenséieren.

Den AB Conter setzt sech no engem staarke leschte Véierel (24:5) mat 79:63 géint Wolz duerch. Mat 28 Punkte war d’Stefanie Kulesza déi stäerkste Spillerin op Säite vun der Lokalekipp.

Back to Top
CIM LOGO