
Ënner anerem déi däitsch Sportzeitung “Kicker” hat am Laf vum Dag matgedeelt, den FC Bayern München a Manchester City wiere sech fir ee Wiessel vum Leroy Sané un d’Säbener Straße eens ginn. Dëst huet den däitsche Rekordmeeschter awer um Donneschdegowend via Twitter dementéiert.
Deemno steet de méiglechen 100-Milliounen-Rekordtransfert, verbonne mat engem 4- bis 5-Joreskontrakt fir de Stiermer beim aktuellen däitsche Champion, aus.