
Bei den Dammen ass et an de Véierelsfinalle vun der Coupe d’Spëtzepartie Walfer géint Mamer, Esch spillt géint d’Gym, Stengefort géint Fenteng a Wolz aus der zweeter Divisioun géint de Belair aus der éischter Divisioun.
Bei den Hären ass et Dikrech géint Bartreng, Fenteng géint Iechternach, de Belair aus der éischter Divisioun kritt et mat Luerenzweiler ze dinn an d’Gym aus der zweeter Divisioun mat Esch.
D’Matcher si fir Mëtt Dezember programméiert.