Tennis-InterclubBei den Häre spillt an der Finall d'Spora géint den Houwald

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme kënnt et an der Finall vum Interclub-Championat zum Duell tëscht der Spora an der Schéiss.
© Archiv

E Samschdeg war am nationalen Tennis dee leschte Spilldag vum Interclub-Championat an do sinn och déi lescht Decisioune gefall.

Bei den Häre kritt den Titelverdeedeger Spora et an der Finall mam Houwald ze dinn. A bei den Damme kënnt et genee wéi zejoert zum Duell tëscht dem Titelverdeedeger Spora an der Schéiss.

D'Finalle ginn den 13. Juli vun 10 Auer un um Escher Gaalgebierg gespillt. Den Dag drop sinn dann d'Barragematcher programméiert. Hei spillt bei den Dammen zu Schëffleng d'Lokalekipp (N2) géint den Houwald (N1) an zu Stengefort ass et bei den Hären den Duell Stengefort (N2) géint Gaasperech (N1).

D'Resultater vum leschte Spilldag:

Hären:
Bieles - Schéiss 0:12
Spora - Houwald 8:4
Schëffleng - Rëmeleng/Kayldall 9:3
Gaasperech - Esch 2:10

Tabell:
Spora 18 Punkten
Houwald 16
Schëffleng 15
Schéiss 13
Esch 11
Gaasperech 7
Rëmeleng/Kayldall 3
Bieles 1

Dammen:
Stengefort - Spora 1:7
Houwald - Schéiss 4:4
Esch - Péiteng 0:8 (F)
Bouneweg - Jonglënster 3:5

Tabell:
Spora 17 Punkten
Schéiss 13
Stengefort 9
Bouneweg 8
Jonglënster 6
Houwald 5
Péiteng 2

Back to Top
CIM LOGO