
Um 6. Spilldag vun der Audi League ass dem DT Berbuerg senger Favoritteroll gerecht ginn a gewënnt beim DT Rued mat 6:3. Hueschtert-Foulscht huet iwwerdeems dem Union guer keng Chance gelooss a ka sech kloer mat 6:0 duerchsetzen. Eng däitlech Victoire ass et och fir Eiter-Waldbriedemes ginn, dat mat 6:2 géint den DT Esch.
E spannenden an enke Match hunn d’Spectateuren zu Recken erlieft. Hei gouf et tëscht dem DT Recken a Lénger e 5:5.
Um Sonndeg hunn dann nach den DT Houwald géint den DT Diddeleng 5:5 gespillt.