
Hären
Nodeems et zu Käerjeng bis zur Paus ee relativ ausgeglachene Match mat enger klenger Diddelenger Avance war, hunn d’Gäscht no der Paus nees besser era fonnt. Um Enn setzen d’Diddelenger sech kloer mat 45:35 duerch a séchere sech domat déi 3. Plaz.
D’Red Boys Déifferdeng hunn doheem géint Dikrech näischt ubrenne gelooss a sech souverän mat 27:18 géint den Tabelleleschten duerchgesat.
Am Relegatioun-Playoff gouf et eng däitlech 39:19-Victoire fir Rëmeleng géint Bieles. Donieft konnt Schëffleng sech kloer mat 39:25 géint de Museldall behaapten an de Standard huet sech mat 31:22 géint Miersch duerchgesat.
Dammen
Am Relegatioun-Playoff bei den Damme gouf et um 1. Spilldag zwou ganz däitlech Victoiren. Déi zweet Ekipp vu Käerjeng huet sech mat 36:11 géint de Standard duerchgesat, iwwerdeems déi zweet Ekipp vun Diddeleng mat 45:15 géint Réiden gewanne konnt.

LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball