
Den Training um Méindeg an de Match vun en Dënschdeg goufen doropshin ofgesot. Déi Rout-Wäiss hate souwisou geplangt, no 5 Woche Preparatioun en Vue vun der Champions-League-Qualifikatioun, vun e Mëttwoch bis e Sonndeg eng Trainingspaus ze maachen.
E Freideg gëtt d’Ekipp vum Champion nees getest a bleift bis e Méindeg a Quarantän. Wat awer och ass, ass, datt de Spiller, dee viru 5 Wochen positiv getest gouf a keng Symptomer hat, och lo nach ëmmer bei all Test positiv ass.
Bei der Fola waart een elo op e Schrëftstéck vun de Medezinner, fir confirméiert ze kréien, datt een déi aner Leit awer no enger Zäit net méi kann ustiechen, och wann een nach ëmmer positiv getest gëtt. Dee Spiller sëtzt elo scho 5 Wochen a Quarantän.