
D'Lou Jominet ass iwwert d'200 Meter Nage libre an enger Zäit vun 2 Minutten a 7 Sekonnen dat 8. an hirer Serie ginn an huet de Sprong an d'Halleffinalle verpasst. Och de Florian Frippiat ass iwwer d'100 Meter Papillon net ënner déi beschte 16 komm. Hie gouf a senger Serie de 5. an 53 Sekonnen an 49 Honnertstel. Knapp annerhallef Sekonn hu gefeelt. Am 200-Meter-Brasse waren direkt zwee Lëtzebuerger derbäi: De Finn Kemp an de Joao Carneiro. Och si hu sech net fir den nächsten Tour qualifizéiert.
Am Laf vun e Mëttwochmoie war dann och d'Emma Barthel am 400-Meter-Quarte-nages un den Depart gaangen, ma och fir si goung et net duer fir an déi nächst Ronn.