No Fan-ProtesterBis op Weideres keen Investisseur an der däitscher Futtball-Bundesliga

RTL Lëtzebuerg
Den Astig vun engem privaten Investisseur an der éischter an zweeter däitscher Futtball-Bundesliga kënnt bis op Weideres net zustan.
© AXEL HEIMKEN / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Dat huet d’Deutsche Fußball Liga GmBH (DFL) e Mëttwoch am spéiden Nomëtteg annoncéiert.

Den 11. Dezember zejoert haten zwee Drëttel vun de Veräiner aus der éischter an zweeter Bundesliga sech drop gëeenegt, der DFL gréng Luucht ze ginn, fir en Deal mat engem privaten Investisseur auszehandelen. Dëse sollt fir eng Investitioun vu ronn enger Milliard Euro fir en Zäitraum vun 20 Joer un de Recetten, déi sech aus der medialer Vermaartung vun den zwou ieweschten däitsche Spillklassen erginn, bedeelegt ginn.

Nodeems d’Resultat vun der Ofstëmmung bekannt gouf, haten d’Fan-Vereenegunge vu ville Veräiner ugekënnegt, géint dës Decisioun ze protestéieren. Dat hu si virun allem gemaach, an deem si virum Ufank vun de Matcher Tennisbäll op den Terrain geworf hunn.

D’DFL huet e Mëttwoch op dës Protester reagéiert. Wéi et an engem Schreiwes heescht, géif den däitsche Profifuttball den Ament op d’Prouf gestallt ginn. D’Spannunge géifen ëmmer weider zouhuelen. Dat net nëmmen tëscht de Veräiner, mä och bannent dësen a bei de Supporter. Dës Spannunge géifen en ëmmer méi groussen Afloss op d’Matcher hunn a riskéieren, d’Kompetitioun ze beaflossen. Et hätt een dowéinst decidéiert, d’Aushandele vun engem Deal mat engem privaten Investisseur net op en Enn bréngen.

Back to Top
CIM LOGO