Internationalen Indoor-Meeting MadridBob Bertemes mat der 5. Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war de Liichtathlet Bob Bertemes bei enger Manche vun der World Indoor Tour zu Madrid a Spuenien um Start.
© RTL Télé Lëtzebuerg

De Bob Bertemes huet sech e Freideg den Owend beim internationalen Indoor Meeting zu Madrid am Bommstoussen als 5. klasséiert. De Lëtzebuerger huet d’Bomm 19 Meter an 78 Zentimeter wäit gestouss. Hien ass domadder 1 Meter a 7 Zentimeter ënner sengem nationale Rekord bliwwen, dësen hat hien eréischt de leschte Weekend realiséiert. Déi 5 weider Versich vum Bob Bertemes waren e Freideg den Owend ongülteg.

Gewonne gouf d’Kompetitioun vum Däitschen David Storl mat 21 Meter an 1 Zentimeter.

Back to Top
CIM LOGO