Marathon zu ChicagoBrigid Kosgei pulveriséiert de Weltrekord

RTL Lëtzebuerg
D'Kenianerin Brigid Kosgei huet de 16 Joer ale Marathon-Weltrekord vum Paula Radcliffe gebrach.
© AFP

Déi 25 Joer al Kenianerin huet e Sonndeg de Marathon zu Chicago am US-Bundesstaat Illinois an 2 Stonnen, 14 Minutten a 4 Sekonne gewonnen a war domat 1 Minutt an 21 Sekonne méi séier wéi d’Britin Paula Radcliffe, wéi déi de Weltrekord opgestallt hat.

D’Kosgei huet domat hir eege Beschtzäit, déi si am Abrëll zu London opgestallt hat, ëm iwwer 4 Minutte verbessert.

Eréischt e Samschdeg hat de Weltrekordler Eliud Kipchoge als éischte Mënsch d’Marathon-Distanz a manner wéi 2 Stonnen zeréckgeluecht.

RTL-News: Eliud Kipchoge leeft Marathon-Distanz an ënner 2 Stonnen

Back to Top
CIM LOGO