Dëschtennis: WTT SingapurBronze fir Ni an De Nutte am Dubbel

RTL Lëtzebuerg
Beim WTT Singapore Smash ass de Lëtzebuerger Dammendubbel an den Halleffinallen eliminéiert ginn.
D'Ni Xia Lian an d'Sarah De Nutte no hirer Bronzemedail bei der EM zu München 2022.
D’Ni Xia Lian an d’Sarah De Nutte no hirer Bronzemedail bei der EM zu München 2022.
© AFP (Archiv)

Beim WTT Singapore Smash, engem international staark besaten Tournoi, hunn d’Ni Xia Lian an d’Sarah De Nutte Bronze gewonnen. Den FLTT-Duo huet sech an den Halleffinalle misse mat 1:4 (1-3, -3, -2, 9, -3) géint d’Koppel Chen Meng a Wang Manyu, déi an der Weltranglëscht op Plaz 2 an 3 stinn, geschloe ginn.

Back to Top
CIM LOGO