BundesligaBVB wënnt Derby géint Gladbach a Bayern klappt Köln

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war et d'Suite vum 29. Spilldag an der däitscher Bundesliga.
De Sabitzer huet bei der Derby-Victoire déi zwee Goler vun Dortmund markéiert
De Sabitzer huet bei der Derby-Victoire déi zwee Goler vun Dortmund markéiert
© AFP

D’Decisioun ëm de Championstitel an der Bundesliga ass esou gutt wéi gefall, ma um Samschdeg war et nach net esouwäit. Den däitsche Rekordchampion Bayern München huet sech nämlech ouni Probleemer mat 2:0 géint Köln behaapt. Domadder ka Leverkusen fréistens e Sonndeg mat enger Victoire géint Bremen den éischte Championstitel an der Veräinsgeschicht an dréchen Dicher bréngen.

Déi Münchner bleiwen duerch déi dräi Punkten op der 2. Tabelleplaz. Batter fir d’Ekipp vum Tuchel ass, datt sech de Coman wärend der Partie un den Adduktore blesséiert huet an der Ekipp fir e puer Woche feele wäert. De franséischen Nationalspiller hat sech am Ufank vun der zweeter Hallschent ouni Friemawierkung blesséiert.

Net gutt gesäit et fir Köln aus. Den FC hätt d’Punkte géint d’Bayern dréngend gebraucht. Steet een dach mat 22 Punkten op enger direkter Ofstigsplaz an déi direkt Konkurrenten an der Lutte géint den Ofstig hunn um Samschdeg Punkte gesammelt. Mainz op der Relegatiounsplaz huet mam Leandro Barreiro Hoffenheim keng Chance gelooss a sech mat 4:1 behaapt. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain. Duerch den 1:1 vu Bochum géint Heidenheim ass Mainz mat 26 Punkten elo nëmmen nach ee Punkt hannert Bochum op der sécherer 15. Plaz.

An der Lutte ëm déi international Plazen huet Leipzig géint Wolfsburg mat 3:0 gewonnen a bleift domadder op der 4. Plaz. Borussia Dortmund bleift un de Leipziger drun. De BVB huet sech vun enger laanger Ënnerzuel zu Gladbach net ophale geloossen an no zwou Néierlagen nees gewonnen. An der éischter Hallschent war Dortmund méi konsequent a louch no 30 Minutte verdéngt mat 2:0 a Féierung. Ma kuerz net opgepasst, konnt Gladbach nach virun der Paus op 1:2 verkierzen. Déi rout Kaart vum Adeyemi an der 55. Minutt huet de Match dunn nees richteg spannend gemaach, ma déi Dortmunder konnten den 2:1-Avantage iwwert d’Zäit bréngen.

An der Owespartie huet Stuttgart mam 3:0-Succès géint Frankfurt e weidere Schratt a Richtung Champions League gemaach a bleift punktgläich mam Tabellenzweete Bayern München. De VfB huet Frankfurt keng Chance gelooss an no Goler vu Guirassy, Undav a Leweling war d’Partie schonn no 37 Minutten decidéiert.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO