Op den 1500 Meter ass de Charel Grethen en neien nationale Rekord an enger Zäit vun 3 Minutten 43 Sekonnen a 27 Honnertstel gelaf. Domat verbessert den Athlet vum CSL de Rekord vum David Fiegen aus dem Joer 2005 ëm 50 Honnertstel.
Iwwer 1500 Meter bei den Dammen gouf et eng ganz knapp Victoire vum Charline Mathias virum Vera Hoffmann.
Am Bommstoussen gewënnt de Bob Bertemes mat 20 Meter a 66 Zentimeter. Domadder huet de Lëtzebuerger en neie Meeting-Rekord opgestallt a bleift just 1 Zentimeter ënnert sengem nationale Rekord.
Am Para-Athletismus huet den Tom Habscheid am Bommstoussen a senger Kategorie mat 14 Meter a 77 Zentimeter en neien nationale Rekord opgestallt.

Op de 60 Meter bei den Damen gouf et eng Victoire vum Patrizia Van der Weken an enger Zäit vu 7 Sekonnen an 39 Honnertstel. Domadder bleift d’Lëtzebuergerin mat 1 Honnertstel knapp iwwert dem nationalen Rekord vum Tiffany Tshilumba.
Iwwert 800 Meter gouf d’Fanny Arendt déi ganz gutt Zweet an enger Zäit vun 2 Minutten 10 Sekonnen a 64 Honnertstel a stellt domadder en neien nationale Cadettes Indoor Rekord op.