De 1.500-Meter-Spezialist Charel Grethen wëll bei der Liichtathletik-Indoor-EM, déi vum 1. bis den 3. Mäer zu Glasgow a Schottland organiséiert gëtt, een Top-Resultat maachen. Rezent huet de Sportzaldot ëmmer nees mat positive Resultater op sech opmierksam gemaach. Zum Beispill beim FLA Indoor Meeting an der Coque, wou hien en neien nationale Rekord gelaf ass.
De Charel Grethen wëll bei der Liichtathletik-Indoor-EM zu Glasgow an d’Finall kommen a säi viru kuerzem opgestallten nationale Rekord verbesseren. Ufank Februar war den CSL-Athlet beim FLA-Meeting an der Coque d'1.500-Meter an enger Zäit vun 3 Minutten 43 Sekonnen a 27 Honnertstel gelaf. Domadder hat hien de Rekord vum David Fiegen aus dem Joer 2005 ëm 50 Honnertstel verbessert. Den Tëntener trainéiert den Ament all Dag 3 an eng hallef Stonn an ass voll op d’EM fokusséiert.
Bis ewell zielt de Charel Grethen zu den erfollegräichste 1500-Meter-Leefer hei am Land. Als Preparatioun war den CSL-Athlet ënnert anerem an engem Trainingsstage op der Héicht a Kenia an ass virun zwou Wochen eng 800-Meter-Course zu Athlone an Irland gelaf, wou hie gudde 6. gouf. Bis ewell war dem Sportzaldot seng Saison awer éischter eng Achterbunn. A Kenia konnt hien nämlech net richteg trainéieren, well eng Erkältung hien ausgebremst hat.
D’Ënnerstëtzung vun der Famill an de Frënn sinn dann och e wichtege Facteur fir de Charel Grethen. Antëscht si fir dee 26 Joer alen Leeschtungssportler Disziplin, Ausdauer an déi néideg Ambitiounen onverzichtbar, fir Erfolleg ze hunn. A senger Fräizäit probéiert hie komplett ofzeschalten andeems hie mat Kollegen eppes ënnerhëlt oder einfach Zäit fir sech brauch.
Bei der EM zu Berlin zejoert koum de Charel Grethen iwwert 1.500 Meter op déi 25. Plaz. Eng Leeschtung mat där de Sportzaldot awer net zefridde war. Dowéinst wëll hie bei der Indoor-EM zu Glasgow an éischter Linn Spaass hunn a bei der Kompetitioun eng gutt Performance ofruffen. 5 Lëtzebuerger sinn iwwregens bei der EM am Asaz, dorënner och d’Charline Mathias an de Bob Bertemes.