HandballChris Auger gëtt Co-Trainer vun der Dammennationalekipp

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen no ass de Staff vun der Dammen-Handballnationalekipp nees komplett.
© Val Wagner (Archiv)

Den Nationaltrainer Michel Scheuren kritt mam Chris Auger, dem aktuellen Déifferdenger Golkipp, en neie Co-Trainer. De Bierchemer Golkipp a Golkipptrainer Szilveszter Liszkai wäert dem Chris Scheuren als Golkipptrainer assistéieren. Kuerz virun der leschter Campagne hat am Oktober zejoert den deemolege Co-Trainer vun der Dammen-Handballnationalekipp Erny Hoffmann sech zréckgezunn.

Back to Top
CIM LOGO