FLT MastersChristophe Nickels an Noé Plique als lescht fir den Haapttableau qualifizéiert

RTL Lëtzebuerg
Bei den Häre goufen en Dënschdeg den Owend am CNT zu Esch déi lescht 2 Spiller fir den Haapttableau ermëttelt.
Christophe Nickels
Christophe Nickels
© FLT

De Christophe Nickels kënnt géint de Luc Morel weider, ouni dass dee Match gespillt gouf.

Den Noé Plique behaapt sech an zwee Sätz géint de Metti Reiter, dat mat 6-3 a 6-4.

Am Dubbel bei den Dammen hu sech an der Halleffinall Molinaro/Rabiot mat 6-1 a 6-3 géint Fabbri/Vander Stichele duerchgesat.

Si kréien et an der Finall mat Silbereisen/Wagner ze dinn, déi mat 6-3 a 6-0 géint Corria/De Bourcy gewonnen hunn.

Am Dubbel bei den Hären hate Bock/Feider an der Halleffinall keng Chance géint Berna/Plique. Um Enn stoung et hei 6-1 a 6-2.

An der anerer Halleffinall war et méi spannend tëscht Tholl/Tholl a Kremer/Morel, dat mam besseren Enn fir den Tholl-Duo. Dëse behaapt sech mat 6-2 a 7-6.

E Mëttwoch den Owend um 18.30 Auer ass et den Optakt vun der Gruppephas bei den Häre mat folgende Matcher:

Aaron Gil - Christophe Nickels
Raphael Calzi - Charles Berna
Robi Tholl - Christophe Tholl
Noé Plique - Gilles Kremer

Um 20 Auer ass et dann un den Dammen.

Else Vander Stichele - Eleonora Molinaro
Lucie Rabiot - Leila Fabbri
Laura Palumbo - Laura Correia
Onalee Wagner - Tatiana Silbereisen.

LINK: Den offizielle Site vun den FLT Masters
LINK: All d’Artikele vun den FLT Masters fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO