Futtballer am AuslandChristopher Martins a Bern spillen 2:2 am Playoff fir d'Champions League

RTL Lëtzebuerg
Am Playoff fir d'Gruppephas vun der Champions League hunn d’Young Boys Bern en Donneschdeg doheem am Allersmatch 2:2 géint de Roude Stär Belgrad gespillt.
© pressphoto Archiv

Den Nationalspiller Christopher Martins stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

De Lars Gerson ass iwwerdeems mat Norrköping ouni Problemer an der Coupe weider. Mat engem klore 6:1 konnt sech d'Ekipp vum Lëtzebuerger an der schwedescher Coupe zu Timra duerchsetzen.

Schonn an der Paus stoung et hei 3:0 fir d'Favoritten, dat no Goler vum Holmberg (34'), Kusu (39') a Johannesson (45'+2).

No der Paus huet de Blomqvist (56') erhéicht, ma 3 Minutte méi spéit ass d'Ekipp aus der 2. Divisioun duerch den Nordlund den Éieregoal gelongen. Et waren dann den Alvarez (78') an den Bjork (90'+2) déi fir d'Schlussresultat vu 6:1 gesuergt hunn.

Back to Top
CIM LOGO