Drëtt Hallschent, de Sport-TalkClaude Meisch: Eng Stonn Sport pro Dag an der Schoul à ce stade net méiglech

Franky Hippert
Am Podcast Drëtt Hallschent geet et dës Woch ëm de Sport bei Kanner a Jugendlechen.
© Franky Hippert

An enger Rei europäesche Länner ass et schonn d‘Praxis, datt eng Stonn Sport pro Dag an der Schoul ass. Hei zu Lëtzebuerg féiert de Claude Méisch jo elo emol eng Drëtt op 6ème an op 5ème an. Esouguer dat gëtt vun den Infrastrukturen hier, net einfach ze geréieren. Bei der Fro, ob ënnert dem Educatiounsminister Claude Meisch eng Stonn Sport pro Dag an de Schoule kënnt, war et e klore Nee à ce stade. Et wär eleng vun den Infrastrukturen hier net méiglech, datt all Klass, all Dag eng Stonn Sport hätt. Et gëtt awer all Schoul encouragéiert weider Beweegungsaktivitéiten unzebidden, all Schoul gëtt encouragéiert weider Peri – Parascolaire Sport ze maachen, bis Beweegung mat an den Unterrecht eran ze huelen.

Generellen Handyverbuet am Fondamental Jo, bei de Lycéeën Nee

Déi Jonk sinn ëmmer méi virum Ecran, sief et virum Handy, dem Tablett oder den Computer-Ecrane mat de Videospiller. Vill Jonker kënnen och schonn net méi wierklech ouni Handy. Den Educatiounsminister huet vun engem him bekannte Beispill erzielt, bei deem et all Moien Diskussioune mat engem Kand aus dem Cycle 1 ginn, dat den Handy net wëll ofginn. Dofir huet de Claude Meisch vum generellen Handyverbuet an der Grondschoul geschwat. Am Lycée ass et net de Minister, deen de generellen Handyverbuet kann aféieren, do läit déi Decisioun bei de Schoulen.


Mam Beweegungstrolley sech ëmmer nees beweegen

De Claude Meisch huet erkläert, datt d‘Iddi vum Beweegungstrolley vum Script, Service fir Recherche an Innovatioun, developpéiert gouf. An deem Weenchen, deen e gewëssene Volume huet, an deen den Educatiounsminister och als Prototyp scho gesinn huet, si verschidde Materialie fir 80 verschidde Beweegungsaktivitéiten ze maachen dran. Déi Aktivitéite kënnen och op enkem Raum ofgehale ginn. Et sinn zum Beispill Seeler a Bäll dran, et kann ee sech awer och drun erop- an erofzéien, well de Weenche stabil gebaut ass. Et brauch ee fir dat Ganzt also keng grouss Sportshalen.

Am Podcast Drëtt Hallschent geet et dës Woch ëm de Sport bei Kanner a Jugendlechen.

Back to Top
CIM LOGO