
De Veräin huet um Mëttwoch matgedeelt, dass d’Fabienne Fuger bei den Dammen an de Gabor Boros bei den Hären hire Vertrag fir eng weider Saison verlängert hunn. D’Fuger gouf an der Saison 2024/25 als Trainerin vum Joer an der Enovos League bei den Dammen ausgezeechent.