
Fir déi Schwäizer Delegatioun leeft bei der Schi-WM zu Cortina d’Ampezzo an Italien weiderhin alles no Plang. Nom Titel vum Lara Gut am Super G um Donneschdeg gouf et um Samschdeg an der Descente eng weider Goldmedail, dës Kéier fir d’Corinne Suter.
Um Enn hat d’Schwäizerin 20 Honnertstel Avance op d’Kira Weidle aus Däitschland, Bronz gouf et fir d’Weltmeeschterin am Super G, d’Lara Gut.
Domat ware bei der Schi-Alpin-Weltmeeschterschaft bei den Damme bis ewell 4 vu 6 Medaile fir déi Schwäizer Delegatioun.