FuttballCristiano Ronaldo positiv op de Coronavirus getest

RTL Lëtzebuerg
De portugisesche Futtballverband huet dat en Dënschdeg am Nomëtteg bekannt ginn.
© AFP (Archiv)

Déi portugisesch Futtball-Nationalekipp spillt e Mëttwoch den Owend an der Nations League géint Schweden. De Cristiano Ronaldo ka senger Ekipp wéinst der Corona-Infektioun dann net hëllefen.

E Sonndeg haten de Ronaldo a Co géint Frankräich gespillt.

Back to Top
CIM LOGO