BiathlonDahlmeier no gesondheetleche Problemer zeréck an der Weltspëtzt

RTL Lëtzebuerg
Beim Biathlon-Weltcup zu Antholz an Italien huet d'Laura Dahlmeier sech e Samschdeg an der Poursuite nëmmen dem Dorothea Wierer misse geschloe ginn.
© AFP

Fir déi 20. Victoire am Weltcup hunn dem Laura Dahlmeier e Samschdeg zu Antholz an Italien nëmme 6 Sekonnen op d’Dorothea Wierer an der Poursuite gefeelt. Um Podium stoung nach d’Lisa Vittozzi och aus Italien.

D’Italienerin Dorothea Wierer war nom Sprint vun der 8. Plaz an d’Course gaangen an huet sech no enger staarker Lafleeschtung an nëmmen engem Feeler am Schéissen d’Victoire verdéngt geséchert. D’Laura Dahlmeier hat och eemol net getraff a gëtt mat engem Retard vu 6 Sekonne déi Zweet. Um Podium stoung nach d’Lisa Vittozzi och aus Italien. Si hat sech zwee Feeler geleescht an hat e Réckstand vu 16 Sekonnen.

Déi siwefach Weltmeeschterin Laura Dahlmeier huet sech mat hirer zweeter Plaz ronn 6 Woche virun der Weltmeeschterschaft zu Östersund an der Weltspëtzt zeréckgemellt. Wéinst gesondheetleche Problemer ass Antholz fir d’Dahlmeier dës Saison eréischt déi drëtt Statioun am Weltcup. A 6 Courssen ass si fënnef Mol an Top5 komm.

Start-Zil-Victoire fir de Bö

E weidere perfekten Dag hat de Johannes Thignes Bö bei den Hären erwëscht. Den Norweger war nom Sprint als éischten an d’Course gaangen an huet an der Poursuite keen Zweiwel gelooss, datt hien den Ament de beschte Biathlet ass. Trotz dräi Feeler am Schéissen huet den Norweger mat engem Virsprong vu 34 Sekonnen op den Antonin Guigonnat gewonnen. De Fransous huet ee Feeler geschoss. Um Podium stoung nach säi Landsmann Quentin Fillon Maillet mat 2 Feeler an engem Réckstand vu 40 Sekonnen. De Simon Desthieux an de Martin Fourcade hu mat de Plaze 4 a 5 fir ee ganz staarken Dag fir d’Fransouse gesuergt.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO