SchisprangenDäitschland ass Weltmeeschter an der Ekipp

RTL Lëtzebuerg
Mat ganz groussem Virsprong gewënnt Däitschland um Bergisel zu Innsbruck virun Éisträich a Japan.
© afp

Ganz souverän a mat engem Virsprung vun 56,6 Punkten gewënnt Däitschland mat de Sprénger Richard Freitag, Stephan Leyhe, Karl Geiger a Markus Eisenbichler Gold. Sëlwer goung un d’Éisträicher Philipp Aschenwald, Michael Hayböck, Daniel Huber a Stefan Kraft. Op déi 3. Plaz a soumat Bronze kruten d’Japaner mam Yukiya Sato, Daiki Ito, Junshiro Kobayashi a Ryoyu Kobayashi.

Back to Top
CIM LOGO