Basketball-EMDäitschland spillt e Sonndeg an der Finall géint d'Tierkei

RTL Lëtzebuerg
Op der Europameeschterschaft am Basketball kritt Däitschland et an der Finall mat der Tierkei ze dinn.

De Weltmeeschter Däitschland konnt sech an der Halleffinall mat 98:86 géint Finnland duerchsetzen. Dennis Schröder a Co. hu gutt getraff an insgesamt 14 Dräier markéiert. De Schröder koum um Enn op 26 Punkten an 12 Assists. Ënnerstëtzt gouf hie wéi gewinnt vum Franz Wagner mat 22 Punkten.

© AFP

D’Tierkei setzt sech an der zweeter Halleffinall kloer mat 94:68 géint Griicheland duerch. 28 Punkten konnt den Ercan Osmani markéieren, den NBA-Star Alperen Sengun huet mat 15 Punkten, 12 Rebounds a 6 Assists geglänzt.

D’Finall gëtt e Sonndeg em 20 Auer zu Riga (Lettland) gespillt, em 16 Auer geet et fir Griicheland an Finnland ëm eng méiglech Bronze-Medaile.

Halleffinallen
Däitschland - Finnland 98:86
Griicheland - Tierkei 68:94

Match em Plaz dräi (Sonndeg)
16:00 Finnland - Griicheland

Finall (Sonndeg)
20:00 Däitschland - Tierkei

Back to Top
CIM LOGO