
E Sonndeg stoung am nationale Volleyball vun den Dammen de Barragematch um Programm. Dobäi konnt sech de Volley Bartreng aus der Novotel League géint de VC Fenteng aus der 1. Divisioun no dräi Sätz mat 25:20, 25:14 a 25:16 behaapten.
De Volley Bartreng ka sech also op eng weider Saison an der héchster Lëtzebuerger Spillklass präparéieren.