
Um Samschdeg stoung bei den Dammen an den Hären de 5. Spilldag um Programm.
Stroossen hat keng Problemer fir sech 3:0 géint Dikrech duerchzesetzen. Bartreng an Iechternach hunn hier Matcher géint Luerenzweiler an Esch och kloer mat 3:0 gewonnen.
Den Tabelleleader Mamer hat zu Bartreng Krämpes fir sech duerchzesetzen. Um Enn goung d’Leeschtung duer, fir zu Bartreng ganz knapp 3:2 ze gewannen. Den entscheedende Saz goung mat 19:17 un de Favorit.
An der Spëtzepartie huet Stengefort doheem 1:3 géint Péiteng verluer. D’Heemekipp hat den 1. Saz nach gewonnen. Duerno konnt Péiteng déi aner 3 Manchen awer fir dech entscheeden.
Walfer huet sech bei der Gym 3:0 behaapt. Eng kloer 3:0-Victoire gouf et och fir Esch zu Iechternach.