
D’Danielle Konsbruck, d’Tessy Gonderinger, d’Annick Stammet an d’Vinita Schlink hu 6 vu 6 Partië gewonnen an domat ganz souverän déi éischte Plaz. Dorënner gouf et och zweemol eng 4:2-Victoire géint de gréisste Konkurrent, d’Damme vun Nidderkäerjeng.
D’Ekipp ëm d’Egle Tamasauskaite muss sech um Enn dann och mat der zweeter Plaz zefridde ginn. D’Plaz 3 ass fir d’Damme vum DT Houwald, déi iwwerraschend 3:3 mat Nidderkäerjeng deele konnten. Hei gouf et relativ iwwerraschend Victoirë vum Julie Poncin géint d’Lena Grein a vum Sarah Meyer géint d’Egle Tamasauskaite. Déi 4 a lescht Plaz an der héchster Divisioun bei den Damme geet dann un den DT Diddeleng, déi kee vun hire 6 Matcher gewanne konnten.